Viz

Aus zeidegen , handsortéierten aalen Äppelzorten, déi bei eis an der Géigend doheem sinn, erhalen mir een aromatesch naturdréiwen Viz. An Zesummenaarbecht mat Eppelpress.lu, déi eis Äppel pressen, pasteuriséieren an afëllen, erhalen mir een exzellenten naturbelossenen Viz. Hier Verspriechen “ Äre Viz vun ären Äppel” léisst eis gudden Gewëssens een héichwäertegen Viz ubidden.

 

Eis Sortiment emfasst 3 an 5 Liter Bag-in-Box Këschten.

 

Des Bag-in-Box Keschten sinn ëmweltfrëndlech an platzspuerend. Doduerch dat si Liicht an Loft vum Viz ewechhalen, bidden si eng optimal Haltbarkeet. Nom opmaache hält den Viz sech 2 Méint ongekillt.

 

3L Bag-in-Box

6,00€

ausverkaaf

5L Bag-in-Box

8,50€

ausverkaaf