Äppelesseg Naturdréiw

8,70 €

Äppelesseg Holzfassgeräift

9,00 €

ausverkaaf

Äppelesseg Balsam

12,00 €

 

 

Äppelesseg

 

Aus zeidegen, handsortéierten aalen Äppelzorten, déi bei eis an der Géigend doheem sinn, pressen mir een aromatesch héichwäertegen Basisjus, deen duerch d’Kellereitechniken vum modernen Wäibau schounend vinifizéiert gëtt. Desen Grondwäin erlieft uschléissend bei der Esseggärung seng Emwandlung zu engem rengen Gäresseg aus Äppel.

 

 

Eis Sortiment emfasst:

 

Äppelesseg Naturdréiw

 

Onbehandelt, mat allen feinfruuchtegen Aromaen an engen geräiften Esseg. Ideal fir Vinaigretten, Marinaden, wierzen vun Zosen an Zoppen oder als Drink, verdënnt mat Waasser, kierbt en d’Verdauung un an reguléiert den Blutzockerspigel.

 

 

Äppelesseg Holzfassgeräift

 

Den Numm seet et, eisen holzfassgeräiften Äppelesseg kennt no der Esseggärung fir d’Räifung an Holzfässer, wouduerch hien douce Holztéin mat an d’Fläsch hellt.Passt iwwerall do, wou och den naturdréiwen agesaat gëtt.

 

 

Äppelesseg Balsam

 

Awer och den Äppelesseg Balsam, deen reduzéierten Äppeljus enthält, kennt fir d’Räifung an d'Holzfass. Säin doucen Holztoun mat harmonescher Séisst passt ideal zum verfeineren vun Zosen, Tomate mat Mozzarella,Carpaccio, Kéis, an och fir iwwer d'Glace.