Häerzlech wëllkomm bei der Berdorfer Äppelkëscht.

 

Matzen am nei gegrënnten Naturpark Mëllerdall läit Berdorf, een Deel vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

 

Den Grondsteen fir eisen Betrib gouf 2007 geluecht, wou mir wei all Joer Viz fir den Hausgebrauch gepresst hunn, es awer méi kruten, wei gebraucht. Mam Iwwerschoss hunn mir doropshin probéiert mat Methoden wei bei den Wënzer ugewannt, een Wäin ze maachen.

 

Den Loun fir des Aarbecht wär de Bléck an d’Gesichter vun de Leit, nodeems si déi éischt Schlupp geholl haten. Deen éischten Äppelwäin koum zu stan, deen an den kommenden Joeren zu engem festen Bestanddeel sollt ginn.

 

Sou ass 2014 d’Berdorfer Äppelkëscht entstan, wou mir mat vill Spaass an Begeeschterung naturbeloossen Produkter aus regionalen Äppel produzéieren.

Wei sou oft , sin et déi einfach Saachen, déi am beschten schmaachen: Äppel aus der Regioun, zur richtegen Zäit gesammelt, an schounend weiderverschafft.